Loading…

SCOUTEN

11 – 13 Joer

Scout sinn heescht: Verantwortung iwwerhuelen, Spaass hunn,
zesummen Aventuren erliewen, sech selwer weiderentwéckelen,
Techniken, Natur, Respekt, Toleranz, Kompetenzen entwéckelen an Neier derbäiléieren.

Scoute liewen zesummen mat hire Frënn an enger Patrull, déi aus 6-8 Jongen a Meedercher besteet. An der Patrull ënnerhuele mir vill zesummen, an dozou kann a soll jiddereen säin Deel bäidroen. An der Patrull geet et drëms selwer Initiativ a Kreativitéit ze beweisen an zesummen ze schaffen.

De Scout ass ëmmer bereet, probéiert säi Bescht, iwwerhëlt Verantwortung par rapport zu sech selwer a senge Matmënschen a setzt sech mat senge Scoutsfrënn an fir eng besser Welt.

D’Natur kennen a respektéiere léieren, an duerch selwer maachen, dem „Learning by doing“ sech weiderentwéckelen, sti bei de Scoute ganz uewen op der Lëscht. Dat maache mer an der Patrull, am Grupp, op federalem Niveau an esou guer international.

Aktivitéiten

Versammlungen, Sortien, Weekender, Campen, ZELTEN, Jamboree on the Air and on the INTERNET, Techniken, Feier, Ofseelen, Aventure, Hike, Sport, Kultur, Fotoen, Reporter, Waasseraktivitéiten, Vertrauen, Spiller, Lagerfeier, Sangen, Quiz, Staadtspiller, Bonne Action a villes méi ass bei eis um Programm.