Loading…

ROVER

16 – 18 Joer

Servir!

D’Rover organiséieren sech an Clan’en. Meeschtens sinn et Rover aus deem selwechten Grupp, déi e Clan forméieren. Clan’e si selbststänneg an onofhängeg an organiséieren sech hire Programm selwer.

D’Rover kënnen esouwuel hire Grupp bei verschiddenen Aktivitéiten ënnerstëtzen, ewéi och selwer Projet’en op d’Been stellen a realiséieren. Och fir dës Branche sti Spaass an Aventure op Plaz Nummer 1.

D’Roverbranche mécht d’Transitioun zum Erwuesseginn an ënnerstëtzt di jonk Fraen a Männer an der leschter Phase vun hirer Integratioun an eng Erwuessenegesellschaft. Duerch Benevolat a konstant Weiderbildung duerch Formatiounen, Kompetenzentwécklung an -unerkennung hëllefen d’Rover jonken Erwuessene sech méi liicht an enger komplexer a fuerdernder Gesellschaft erëmzefannen a sech duerchzesetzen a vrun allem an där Gesellschaft kënnen en Ënnerscheed ze maachen.

Aktivitéiten

Bonne Action

Hei handelt et sech em di bekannte BA. Dës gëtt an alle Branche gemaach, a bei de Rover ass si sécher en haapt Pilier.
All Clan ka seng gutt Aktioune selwer definéiren. Heizou zielt alles vun der Bëschbotzaktioun bis zur grousser Tafelrenovatiouns-aktioun an Tanzania, oder engem service volontaire bei eiser ONDG am Nepal. Egal, wéi keng, egal wéi grouss, BA ass BA an dat ass de (gudde) Geescht vun der Roverbranche.

DÉI GROUSS BA, DÉI MER ALS ROVER VUN DER FNEL ELO SCHO SÄIT ETLECHE JOER MAACHEN ASS D’KACHE BEI DER CHRËSCHTFEIER VUN DER STËMM VUN DER STROOSS.

Reesen a kulturellen Echange

Reesen an interkulturellen Echange gi bei de Rover groussgeschriwwen. Dat ka jiddereen individuell oder awer am Clan maachen. Am beschte geet dat natierlech op den internationalen Aktivitéiten a Campen:

  • JAMBOREE: beim gréisste Scoutscamp vun der Welt, deen all 4 Joer statt fënnt, kanns du als Rover als International Service Team oder als Chef matgoen.
  • Rovermoot: ass quasi de Jamboree fir Rover
  • Roverway: ass de Camp fir Rover um europäeschen Niveau. Hei ginn et och nach eng Rëtsch aner europäesch Aktivitéiten
  • Service Volontaire bei der ONGD FNEL.

Traditiounen a Federal Aktivitéiten

Nierwt eiser gemeinsamer BA an den INTERNATIONALE RENCONTREN, gëtt et bei de FNEL Rover nach e puer nei an al Traditiounen. Dozou gehéiert vrun allem den HUNT-IT, also wat bis viru kuerzem nach de Raid war, de Roverquiz an natierlech d’Participatioun um Pow-Wow.