
Scouten
De Scout lieft zesumme mat senge Frënn an enger Patrull, enger Équipe vu 6-8 Jongen oder Meedercher.
D'Patrulle sinn zesummen an der Trupp organiséiert.
An der Patrull huet jidderee seng Charge a Verantwortung, sief et am Spill oder an der Aktioun.
Jidderee soll seng Responsabilitéit iwwerhuelen.
D'Verspriechen
Ech verspriechen, mäi Bescht ze dinn,
fir meng Flichte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer z'erfëllen,
fir no de Wäerter vum Scoutsgesetz ze liewen
a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt.