Lueden…

SCOUTEN

11 – 13 Joer

Scout sinn heescht: Verantwortung iwwerhuelen, Spaass hunn,
zesummen Aventuren erliewen, sech selwer weiderentwéckelen,
Techniken, Natur, Respekt, Toleranz, Kompetenzen entwéckelen an Neier derbäiléieren.

Scoute liewen zesumme mat hire Frënn an enger Patrull, déi aus 6-8 Membere besteet. An der Patrull ënnerhuele mir vill zesummen, an dozou kann a soll jiddereen säin Deel bäidroen. An der Patrull geet et drëms selwer Initiativ a Kreativitéit ze beweisen an zesummen ze schaffen.

De Scout ass ëmmer bereet, probéiert säi Bescht, iwwerhëlt Verantwortung par rapport zu sech selwer a senge Matmënschen a setzt sech mat senge Scoutsfrënn fir eng besser Welt an.

D’Natur kennen a respektéiere léieren, an sech mat der Maxime „Learning by doing“ weiderentwéckelen, sti bei de Scoute ganz uewen op der Lëscht. Dat maache mer an der Patrull, am Grupp, op federalem Niveau an esou guer international.

Aktivitéiten

Versammlungen, Sortien, Weekender, Campen, Zelten, Jamboree on the Air and on the Internet, Techniken, Feier, Ofseelen, Aventure, Hike, Sport, Kultur, Fotoen, Reporter, Waasseraktivitéiten, Vertrauen, Spiller, Lagerfeier, Sangen, Quiz, Staadtspiller, Bonne Action a villes méi sinn bei eis um Programm.