Home

Wëllkomm bei den Bisons futés, den Scouten vu Fréiseng

Wëllkomm ob der Homepage vun den Bisons futés vu Fréiseng.

Egal obs du Bisons bass oder nach net:

Hei fënns du ganz vill Interessantes iwwert de Grupp, mat ganz ganz villen Fotoen, an Kommentaren zu den Fotoen.  Den aktuelle Bisons, an d´Zeiten vun de Reuniounen fenns de bei den Branchen. Den néie Kallenner ass lo accessibel, wann och net komplett an schéin! Fir weider Froen kennt der Iech bei de Cheffen mellen!

 

 

D´Scouten vun Fréiseng stellen sech fir

Mier, d´Bisons futés vun Fréiseng, goufen 1997 gegrennt an geheiren der FNEL (Fédération nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg; www.fnel.lu) un. 

Mir hun ongefeier 80 Membren, dozou geheiren niewt den Wellef, Scouten, Explorer a Rover: eisen Comitée an 18 Cheffen dei en Brevet als Animateur hun oder am gang sin hir Formatioun bei der FNEL ze maan.

An dene 4 Branchen sin Jonker vun 7 - 25 Joer aktiv, mei Infoen fannt Dir enner  Wellef, Scouten, Explorer a Rover. 

   Een Gruppenchef an sein Assistant stin de Cheffen vun de Branchen zur Seit, wann et un Zeit an Taten fehlt.

  Mir hun all Woch (außer an de Schoulvakantzen) Reuniounen an eisem Home an der Route de Mondorf zu Freiseng. Op den Seiten vun den eenzelne Branchen gesid der D´Auerzeiten vun de Reuniounen an och den Programm vun den eenzelne Branchen. 

Op mannst 1x am Trimester kennt eis Zeitung "de Bisons" raus, deen der och kennt hei op der Seit eroflueden. 

    Mir sin frou fir jiddereen an eisem Grupp opzehuelen. Komm och du an d´Scouten an erliew flott Aktiviteite matt eis. 

Samsdes kann Jiddereen deen interesseiert ass an d´Reunioun beim Home kucken kommen.

  Fir weider Froen stin Iech eis Cheffen ze Verfügung. 

Nei Fotoen...   

  WANN NACH E FOTOEN HUET, W.E.GL. GITT MIR SE, OB ENGER CD, ODER OB ENGEM USB STICK, ODER EINFACH PER MAIL SCHECKEN...

NEWS 

< Previous 1234 Next >

24-10-2009: Néie Kalenner

Elo ass dann och den néie Kalenner online!

Giel sind d´Wellef, Greng d´Scouten, d´Explorer Roud an d´Rover Blo! Waat méi Branchen betrefft ass Orange!

Moof sin Federal-Aktivitéiten an soss Sachen aus der FNEL, wéi d´Öffnungszeiten vum Scoutsshop!

 

Lea

24-10-2009: Lang erwarte Fotoen endlech online!!


Elo och endlech d´Fotoen vum Gruppecamp zu Bivels, vun der Porte-ouverte an der Montée!!

 

 

 

 


Lea

01-09-2009: Shared eis Fotoen iwwerall...

Bei all Foto ass elo dëssen Knäppchen:

Wann een bei den Fotoen op dëssen Knäppchen dreckt, dann kann een dëss Foto direkt op säin Facebook, MySpace, Twitter,... Account posten

Vill Spaass mat dëssem neien Feature. Sollten et Problemer ginn, einfach eng mail un

Yves

04-08-2009: Fotoen vum Segeltörn

En eischten groussen Pack vun ron 800!!! Fotoen sin elo vun eisem genialen Segeltörn online. Vill Spaas beim kucken

 

 

Ben

04-05-2009: Fotoen vun dem Explorer (laangen)Weekend

Hei sinn d'Fotoen vum Explorer Weekend, mat Schiefueren, Schwammengoen a Lanpartien. Vill Spaass beim kucken

weekend

Vill Spaass beim kucken 

Yves

14-04-2009: De Bisons Nr 71 ass online

De Bisons Nr 71 ass online. Klick hei fir en roofzelueden Yves

25-03-2009: Fotoen Kavalcade

Hei sinn d'Fotoen vun der Kavalcade vu Réimech

all

Vill Spaass beim kucken

Yves

04-02-2009: De Bisons Nr 70 ass online

De Bisons Nr 70 ass online. Klick hei fir en roofzelueden Yves

Showing 1 - 9 of 29 Articles | Page 1 of 4

< Previous 1234 Next >