Home

Wëllkomm bei den Bisons futés, den Scouten vu Fréiseng

Wëllkomm ob der Homepage vun den Bisons futés vu Fréiseng.

Egal obs du Bisons bass oder nach net:

Hei fënns du ganz vill Interessantes iwwert de Grupp, mat ganz ganz villen Fotoen, an Kommentaren zu den Fotoen.  Den aktuelle Bisons, an d´Zeiten vun de Reuniounen fenns de bei den Branchen. Den néie Kallenner ass lo accessibel, wann och net komplett an schéin! Fir weider Froen kennt der Iech bei de Cheffen mellen!

 

 

D´Scouten vun Fréiseng stellen sech fir

Mier, d´Bisons futés vun Fréiseng, goufen 1997 gegrennt an geheiren der FNEL (Fédération nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg; www.fnel.lu) un. 

Mir hun ongefeier 80 Membren, dozou geheiren niewt den Wellef, Scouten, Explorer a Rover: eisen Comitée an 18 Cheffen dei en Brevet als Animateur hun oder am gang sin hir Formatioun bei der FNEL ze maan.

An dene 4 Branchen sin Jonker vun 7 - 25 Joer aktiv, mei Infoen fannt Dir enner  Wellef, Scouten, Explorer a Rover. 

   Een Gruppenchef an sein Assistant stin de Cheffen vun de Branchen zur Seit, wann et un Zeit an Taten fehlt.

  Mir hun all Woch (außer an de Schoulvakantzen) Reuniounen an eisem Home an der Route de Mondorf zu Freiseng. Op den Seiten vun den eenzelne Branchen gesid der D´Auerzeiten vun de Reuniounen an och den Programm vun den eenzelne Branchen. 

Op mannst 1x am Trimester kennt eis Zeitung "de Bisons" raus, deen der och kennt hei op der Seit eroflueden. 

    Mir sin frou fir jiddereen an eisem Grupp opzehuelen. Komm och du an d´Scouten an erliew flott Aktiviteite matt eis. 

Samsdes kann Jiddereen deen interesseiert ass an d´Reunioun beim Home kucken kommen.

  Fir weider Froen stin Iech eis Cheffen ze Verfügung. 

Nei Fotoen...   

  WANN NACH E FOTOEN HUET, W.E.GL. GITT MIR SE, OB ENGER CD, ODER OB ENGEM USB STICK, ODER EINFACH PER MAIL SCHECKEN...

NEWS 

04-01-2009: Fotoen vum Chreschtmaart dei zweet...

Ganz vill nei Fotoen vum Chreschtmaart an der Apres-Ski Party sin elo online.

Ben

24-12-2008: Fotoen vum Chreschtmaart

Dei eischt Fotoen vun der Apres-Ski Party op eisem Chreschtmaart sin online.  

--> Kucken

Ben

04-12-2008: Sowjets zu Fréiseng

Ech weess net wat do zu Fréiseng bei den Bison'en lass war, mee et lound sech dëss Fotoen unzekucken

russ

 Vill Spaass beim kucken (hei klicken)

Yves

26-09-2008: Fotoen vun der Porte-ouverte

Mir freen eis immens dei vill nei Wellefcher bei eis am Grupp ze begreissen, dei op eiser Porte-ouverte derbai waren! 

Hei e puer Fotoen wou der Iech vlait och drop fannt! Elo sin et se och all!!!

 jungsbremerstadt

Lea

02-09-2008: Fotoen Raid an Naturwe

Hei e puer Fotoe vum Ce vun denen 2 Explorer Aktiviteiten: Raid an Naturwe 

 FotoRaid  natur

Lea

14-08-2008: Keelen spillen

D'Scouten waren Keelen spillen, hei sinn d'Fotoen

Keelen

Vill Spaass beim kucken (hei klicken)

Yves

07-08-2008: PowWow 2008 bei de Kiewerlecken

Fotoen vum Lea vum Powwow 2008 bei den Kiewerlecken

powwow

Vill Spaass beim kucken (hei klicken)

Yves

04-08-2008: Fotoen vum Camp Fédérale Zellhof 2008

Hei fënns du eng ganz Rei vu Fotoen vum Camp fédéral 2008 zu Zellhof vum den Scouten vum Sous-camp 3

Zellhof 2008

Vill Spaass beim kucken a beim Kommentaren schreiwen. (hei klicken)

Yves

Showing 10 - 18 of 29 Articles | Page 2 of 4